Sexuelle Mëssbrauch vu Kanner kann op tragesch Aart a Weis dozou féieren, dass Kanner verschwannen. 8 vun 10 Kanner, déi Affer vu sexuellem Mëssbrauch ginn, gi vun engem bedrunn, deem se vertrauen. Wann de Mëssbrauch doheem oder an engem anere vertrauenswürdegen Ëmfeld geschitt, kënne Kanner fortlafen. Dëst kann si potenziell engem weideren, gréissere Risiko aussetzen, wa si z.B. probéieren duerch Abroch oder Déifstall hire Liewensënnerhalt ze sécheren.
Um Internationalen Dag vun de vermësste Kanner de 25. Mee, konzentréiere mir eis op d’Präventioun vun den uewe genannte Fäll. Als Resultat vun abusive Situatiounen an engem vertrauten Ëmfeld kann et sinn, dass Kanner fortlafen an duerno vermësst ginn.
D’Verbreedung vu sexuellem Mëssbrauch vu Kanner an Europa ass weiderhin alarméierend héich a betrëfft ongeféier 1 vu 5 Kanner. 8 vun 10 Kanner, déi Affer vu sexuellem Mëssbrauch ginn, gi vun enger Persoun mëssbraucht, déi si kennen an där si vertrauen, wéi z.B. Familljememberen, Frënn oder vertrauenswürdeg Erwuessener an hirem Ëmfeld. *
D’Konsequenz vu sexuellem Mëssbrauch duerch eng Vertrauenspersoune kann dacks sinn, dass Kanner fortlafen a verschwannen, well hiert Doheem oder dat vertrauten Ëmfeld fir si net méi ze erdroen ass. En direkt Agräifen an esou Fäll ass deemno ëmsou méi wichteg.
Fir an esou engem Fall ze intervenéieren ass et dofir wichteg, fir d’Indicateure vu sexuellem Mëssbrauch bei Kanner erkennen ze kënnen an esou weider Tentativen ze stoppen. Hinne kann domat e séchert Environnement gebuede ginn, an deem se geschützt ginn, wat weider dozou féiere kann, dass si sech net entscheede fortzelafen, respektiv Affer vu weidere Strofdoten ze ginn.
Wéi kann een Zeeche vu sexuellem Mëssbrauch erkennen, fir kënnen anzegräifen?
De Mëssbrauch selwer kann zwar verstoppt ginn, d’Zeechen, déi dësen hannerléisst sinn awer dacks siichtbar. Déi follgend Zeeche kënnen Indice sinn, dass e Kand Affer vu sexuellem Mëssbrauch gouf, ma se si keen eendeitege Beweis. **
Kanner kënnen Zeeche vu psychesche Krankheeten, wéi Bulimie oder Anorexie opweisen an sech selwer blesséieren. Gewunnechten, wéi Iessen a perséinlech Hygiène, kënne sech änneren. Kanner kënnen hire Kleedungsstil änneren, z.B. fir hiert Geschlecht ze verstoppen.
Kanner kënnen Zeeche vu psychesche Krankheeten, wéi Bulimie oder Anorexie opweisen an sech selwer blesséieren. Gewunnechten, wéi Iessen a perséinlech Hygiène, kënne sech änneren. Kanner kënnen hire Kleedungsstil änneren, z.B. fir hiert Geschlecht ze verstoppen.
Kanner kënne Problemer an der Schoul hunn, dorënner Problemer sech se konzentréieren, vill Feelstonnen a schlecht Resultater. Doriwwer eraus kënne si dacks ofgelenkt erschéngen, Problemer mam Gediechtnes opweisen, respektiv Schwieregkeete mat sozialer Interaktioun mat Kanner am selwechten Alter hunn a sech isoléieren.
Kierperlech Indicateure kënnen z.B. Péng, Hautirritatiounen, Schwellungen oder Ausfloss sinn. Aner Zeeche kënne Problemer besonnesch dann, wann d’Kanner op d’Toilette ginn, sexuell iwwerdrobar Krankheeten oder eng Schwangerschaft sinn.
Kanner, déi Affer vu Mëssbrauch gi sinn, kënnen ufänken eng explizit Sprooch ze benotzen oder Wëssen ze weisen, dat fir hiert Alter net passend ass. Hir Aktivitéiten, Geschichten oder Biller kënne sexuell Theme behandelen, déi net hirem Alter an hirer Entwécklung entspriechen.
Kanner kënnen aktiv spezifesch Persounen, Plazen oder Situatiounen evitéieren. Si kënnen och ongewéinlech oder nei Ängscht entwéckelen, z.B. viru Beréierungen, bestëmmte Plazen oder dem Fait eleng mat enger Persoun ze sinn.
Kanner kënnen ongewinnt aggressiv oder unhänglech ginn oder sech méi staark zeréckzéien. Si kënne Schlofproblemer opweisen, dacks schlecht dreemen oder erëm ufänken an d’Bett ze maachen.
Fir dass e Kand iwwer eng Situatioun schwätzt ass et wichteg, dass een als Betreier sécherstellt, dass d’Kand sech sécher fillt. Encouragéiert Kanner hir Meenung ze soen an huelt hiert Uleies eescht. Wéi kënnt Dir e séchert Ëmfeld schafen: ***
Hëlleft Kanner ze verstoen, dass et wichteg ass net all Geheimnis fir sech ze behalen, grad wann doduerch engem e Schued entstanen ass.
Kanner sinn ni dofir responsabel sech selwer viru Mëssbrauch ze schützen. Ma wa se bäibruecht kréien “Nee” ze soen, kann dëst hinnen hëllefe sech selwer ze wieren.
Huelt dat wat Äert Kand seet eescht a rassuréiert et, dass et richteg war eppes ze soen.
Erkläert de Kanner, dass hire Kierper nëmmen hinne gehéiert, an dass keen si op intim Aart a Weis beréieren dierf oder intim Fotoe vun hinnen dierf maachen. Dobäi ass et awer wichteg, hinnen Ausnamen ze erklären, z.B. am Kader vun engem Besuch beim Dokter.
Bei engem Verdacht oder bei Unzeeche vu méiglechem sexuelle Mëssbrauch vu Kanner ginn et Ulafplaze fir Hëllef ze kréien. Wien Dir zu Lëtzebuerg an esou engem Fall kontaktéiere kënnt fannt Dir hei.
* Council of Europe: Human Rights Channel; Council of Europe: “The Council of the European Union gives the final green light to the prolongation of a child sexual abuse protection measure”; European Parliament: Combating child sexual abuse; EU Council: Prevention of online child sexual abuse; UNICEF: Action to End Child Sexual Abuse and Exploitation
** National Health Service; Australian National Office for Child Safety, Bravehearts
*** Raising Children AU